Habitasse © Curabitur felis erat. Mauris di Serif. Vestibulum | Sed vulputate




Dem Yvon Christnach säin Hobby war eng kleng Editioun, déi hie schon an de 60-er Joeren als UGDA- Sekretär op d'Bee gesat hat. Et guewen eng Parti Stécker, esouguer vu renomméierten auslännesche Komponisten gedréckt, déi haaptsächlech fir d'Concour'en geduecht waren.


Doniewent war och ëmmer den Eiergäiz do fir de Lëtzebuerger Komponisten eng Méiglechkeet ze schafen fir hir Wierker drécken ze loossen, well déizäit hun esouguer déi dichtegst vun hinnen nach misse Sue matbréngen fir an enger auslännescher Editioun ënnerzekommen. Datt esou eng Editioun zu Lëtzebuerg nëmme kënnt en deieren Hobby fir Gecke sin, war gewosst. Et kann ee sech haut scho bal net méi viirstellen, wéi nach virun 10 Joer an den Editioune geschafft gouf, iert d'Revolutioun duerch d'Informatik esou vill nei Méiglechkeete bruecht huet.


Wa fréier de Problem wor, fir e Stéck technesch ze produzéieren, ass haut d’Fro, wéi et  kann dacks genuch verkaf gin, fir datt et sech rentéiert.

Mir féieren haut dee Stock nach virun, fir datt déi vill Aarbecht net ganz fir näischt war an editéieren och nach eenzel Saachen, déi et nëmmen handgeschriwwe gi sin a soss verluer géngen oder déi vu rengem Letzebuerger Intressi sin, wéi d'Solfège - Bicher vum J.P. Frisch a Bëpp Winandy.

.

Mat dem Verschwannen vun enger Rei vu klengen, auslänneschen Editiounen, déi fréier Stécker vu Lëtzebuerger Komponisten wéi Dicks, Mertens, Norbert Hoffmann, Nicky Kirsch a.a. erausgin haten, si  leider schonn eng Parti vu Standardstécker wéi Wilhelmus, Dicksiana, Hämmelsmarsch  asw. net méi ze kréien, wëll si um Dreckstipp geland sin.


Nodeems am November 2015 d’Geschäfter zougemach gi sin, bleift d’Editioun „einstweilen“ fier sech bestoen. D’Bicher a Nouten vun der Editioun kënnt Dir an de Muséksbuttéker an a ville Librairie fannen. Bestellungen kënnt Dir och direkt vun onser Home Page maachen.




Musekseditioun

© 2015 piwa sarl

  

 editioun piwa

PIWA



S.à.r.l



Claude CHRISTNACH         gérant