Habitasse © Curabitur felis erat. Mauris di Serif. Vestibulum | Sed vulputate



D'Firma war 1911 vum Grousspapp vun der Madame Rouff, dem Paul Wolf gegrënnt gin. Hie war Geiebauer an huet a sengem Geschäft Instrumenter a Noute verkaf.


Jiddereen den nach am ale "Quatsch" war, erënnert sech nach, wéi en iwwer de knubbelege Pawee an de Schoulbierg säin "imposé" bestelle gaang as. Mee d'Stat an d'Leit hu sech verännert, de "Quatsch" as op Märel geplënnert, de "Wollef" krut de Bail net méi verlängert an huet missen bei de Fiischen op de Knuedler plënneren.


Domat war "déi gutt, al Zäit" eriwwer. Et as am Laf vun den Joeren ëmmer méi kloer gin, datt Musek Wolf op däer Plaz a mat däer Struktur keng Zukunft hätt.


Wéi d'Geléenheet koum fir d'Nopeschhaus vum Piwa zu Bouneweg ze kafen, war d'Décisioun séier gefall. Mir konnten alles op enger Plaz, an onsen egene véier Maueren, beienee léen an ons sou organiséiere an ausbauen wéi mer wollten.


1995 as Musek Wollef niewent de Piwa op 37, rue Blochausen geplënnert.


Esou wéi 1991 der Madame Rouff ass et ons och gaang, d.h.  mir hu  beim Wolf leider déiselwecht Situatioun wéi beim Piwa: kee Nofolger.  


An dësem Fall musse mer e Betrib, den 105 Joër laang nëmmen an den Hänn vun 2 Familjen Wolf/Rouff a Christnach bestan huet, elo zoumachen.


musek wolf


37, rue Blochausen
L-1243 Luxembourg


© 2015 piwa sarl

1991 war e weidere wichtegen Datum fir d’piwa sarl: mir hun d'Musikhaus Wolf iwwerholl. D'Madame Rouff wollt a Pensioun goen an hat kee Nofolger. Wéinst der laanger Traditioun vum Haus Wolf, dat quasi bei den Inventaire vun der Stat gehéiert huet, wollte mer de Numm net verluer goe loossen.


Claude CHRISTNACH         gérant



PIWA



S.à.r.l


  

editioun piwa